Skip to main content
Edwards Lifesciences Logo

Erklärung vun Edwards Lifesciences iwwer d’privatsphär

Privacy Policy Banner Image
Privacy Policy Banner Image
Privacy Policy Banner Image

Erklärung vun Edwards Lifesciences iwwer d’privatsphär

(Aktualiséiert den 22. Januar 2021– Europa, d’Vereenegt Kinnekräich an d’Schwäiz abegraff)

Download PDF

Edwards Lifesciences Corporation, Edwards Lifesciences LLC an déi ugeschlosse Firmaen aus hirem Grupp (zesummen „Edwards Lifesciences“, „eisen“, „eise“, „eist“, „mir“ oder „eis“) gesinn d’Wichtegkeet vum Online-Schutz vun der Privatsphär un a verflichte sech, d’Privatsphär ze schützen an de Choix iwwer d’Privatsphär vun eise Online Visiteuren a vun aneren, deenen mir hir perséinlech Donnéeë kréien, ze respektéieren. Dës Erklärung beschreift eis Politik an eis Praktik iwwer d’Sammelen, den Traitement an d’Archivéiere vun den Donnéeën op www.edwards.com oder all anere Websitten, déi mir besëtzen, benotzen oder kontrolléieren („d’Sitten“), a gëllt och fir d’perséinlech Donnéeën, déi mir op eng aner Manéier wéi duerch d’Sittë kréien a verschaffen (zum Beispill perséinlech Donnéeën iwwer eis Clienten, Endverbraucher, Verkeefer a Parteien, mat deene mir een Déngschtleeschtungsverhältnis hunn, wa si eis Produkter an Déngschtleeschtungen ubidden).

Sidd Iech w.e.gl. bewosst, datt op eise Websitten eventuell Linken op aner Websittë sinn, déi Drëttparteie gehéieren oder vun hinne kontrolléiert ginn. Dës Erklärung iwwer d’Privatsphär gëllt nëmme fir d’Sittë vun Edwards Lifesciences. Mir kontrolléieren oder approuvéieren net den Inhalt vun iergend engem Site vun enger Drëttpartei, a mir kënne keng Verantwortung fir d’Politik iwwer d’Privatsphär vun iergend enger anerer Website iwwerhuelen, déi net vun eis kontrolléiert gëtt. Mir roden Iech, d’Politik iwwer d’Privatsphär vun alle Sittë vun enger Drëttpartei ze préiwen, déi Dir besicht.

Klickt op ee vun de Linken hei ënne fir Iech deen Deel vun der Erklärung iwwer d’Privatsphär unzekucken, deen Iech speziell interesséiert, oder fuert einfach weider, wann Dir de ganzen Text vun dëser Erklärung iwwer d’Privatsphär liese wëllt.

Donnéeën, déi mir op eise Site sammelen
Donnéeën, déi mir ausserhalb vum Site kréien
Wat mir mat de gesammelten Donnéeë maachen
Internationalen Traitement an den U.S.A. an op anere Plazen
Weidergi vun Donnéeën un Drëttparteien
Är Wiel iwwer d’Privatsphär
Privatsphär vu Kanner
Eis Verflichtung zur Sécherheet an zum Schutz vun den Donnéeën
Wann Dir en Uleies iwwert Är perséinlech Donnéeën hutt
Ännerungen un eiser Erklärung iwwer d’Privatsphär

Wat mécht Edwards Lifesciences?

Edwards Lifesciences Corporation ass e globale Leader a medezineschen Innovatiounen, déi op de Patient ausgeriicht sinn, fir strukturell Häerzkrankheeten, an och fir Noutfallmedezin a chirurgesch Iwwerwaachung. Aus der Leidenschaft fir Patienten ze hëllefen eraus, schafft d’Firma mat de weltwäit féierende Medeziner a Chercheure fir onerfëllt gesondheetlech Bedierfnisser ze befriddegen, fir d’Resultater vun de Patienten an hiert Liewen ze verbesseren. Edwards Lifesciences Corporation huet hire Sëtz an de Vereenegte Staaten, mee huet ugeschlosse Firmaen iwwerall an der Welt (kollektiv “Edwards”). Edwards Lifesciences kooperéiert mat Doktere fir Produiten ze innovéieren déi esou konzipéiert sinn, fir de Patienten ze hëllefen, méi e laangt, méi e gesond a méi e produktiivt Liewen ze kréien. Mir konzentréieren eis op medezinesch Technologien déi sech u grouss a nach wuessend Populatioune wennen, an deenen et nach signifikativ onerfëllte klinesch Bedierfnisser gëtt.

Fir méi Informatiounen iwwert Edwards Lifesciences, consultéiert w.e.gl. d’Sektioun “About Us” op eisem Website ënnert https://www.edwards.com/about-us/who-we-are.

DONNÉEËN, DÉI MIR OP EISE SITTË SAMMELEN

Mir hunn eis Sitten esou konzipéiert, datt eis Visiteuren um Site kënnen navigéieren an hiren Inhalt ukucken, ouni eis mussen iergend eng perséinlech Kontaktinformatiounen ginn, wéi zum Beispill hiren Numm, hir Adress, hir E-Mail-Adress oder hir Telefonsnummer.

Dësen Abschnitt beschreift d’Donnéeën, déi d’Visiteure fräiwëlleg matdeele kënnen, an och eis Praktik iwwer d’automatesch Sammelen an d’Benotze vun Donnéeë vun de Visiteuren hirem Gerät a weider analytesch Donnéeën, wéi d’IP-Adress vun de Visiteuren oder Donnéeën iwwer d’Manéier, wéi d’Visiteuren duerch d’Sitten navigéieren.

Donnéeën, déi Dir matdeelt

Wann Dir eis Sittë besicht, hutt Dir d’Méiglechkeet eis perséinlech Donnéeë matzedeelen, déi Iech oder d’Membere vun Ärer Famill identifizéieren. Dës perséinlech Donnéeë kënnen Ären Numm, Är Postadress oder E-Mail-Adress, Är Telefonsnummer, Är Matricule vun der Sécurité Sociale oder Är Nationalmatricule, Informatiounen iwwert Är Gesondheet oder Är Krankegeschicht sinn, oder iergend eng aner Donnée, déi et Edwards Lifesciences erméiglecht, Iech z’identifizéieren oder ze kontaktéieren. Zum Beispill kéint e Patient, deen e Produkt vun Edwards Lifesciences krut, eis seng Erfahrung domat matdeelen. E Mënsch, deen eng Aarbechtsplaz sicht, ka sech online bei eis bewerben oder sech iwwer fräi Aarbechtsplaze bei eis am Detail informéieren. E Professionellen aus dem Gesondheetswiesen kéint bei eis Informatiounen iwwert ee vun eise Produkter ufroen oder kéint Donnéeën iwwert e bestëmmte Patient aschécken. Eng wohltäteg Organisatioun kéint eis ëm en Don bieden.

Zousätzlech kéint den Accès u verschidden Deeler vun eise Sittë limitéiert sinn, esou datt nëmme Professioneller vum Gesondheetswiesen dru kommen an datt déi Deeler vun de Site perséinlech Donnéeë verlaangen fir sech z’enregistréieren an datt dat kann iwwerpréift ginn.

Fir an deene Fäll Är Demande op den Accès zu dëse Fonctionnalitéiten z’erfëllen, musse mir eventuell verschidde perséinlech Donnéeë froen, wéi Ären Numm, Är Postadress oder E-Mail-Adress, Är Telefonsnummer a vläicht eng offiziell medizinesch Lizenznummer oder eng ähnlech Donnée, esou datt mir kontrolléiere kënnen, ob Dir a Fro kommt fir e restriktiven Inhalt unzekucken oder datt Dir Iech fir en Evenement aschreiwe kënnt. A begrenzte Fäll, wéi engem ongënschtege Virfall mat engem vun eise Produkter, misste mir Är perséinlech Donnéeën iwwert Är Krankegeschicht kréien, fir de gesetzleche Bestëmmungen iwwert obligatoresch Meldungen nozekommen. Professioneller vum Gesondheetswiese sollen dofir suergen, datt si déi néideg Zoustëmmung vun hirem Patient hunn (souwäit wéi dat erfuerdert ass), ier si déi perséinlech a medizinesch Donnéeë vun hire Patientë weiderginn.

Donnéeën, déi mir automatesch sammelen

Fir eis Online-Erfahrung ze verbesseren, sammele mir routinesméisseg eng Rei Donnéeë vun de Visiteuren hirem Gerät a weider analytesch Donnéeën, souwéi d’Manéier, wéi d’Visiteuren eis Sittë benotzen. Zum Beispill enregistréiere mir d’IP-Adress vun all Computer dee sech op eise Sitten aloggt. Dës IP-Adress erméiglecht eis net, Iech iwwert Ären Numm oder Är Kontaktinformatioun z’identifizéieren, mä si erlaabt eis d’Verbindung mat Ärem Gerät während Ärer Visite oprecht z’erhalen. Si erméiglecht eis och gewuer ze ginn, aus wat fir engem Land Dir eis besicht, sou datt mir Iech automatesch op dee Contenu leede kënnen, dee fir Äert Land zoustänneg ass

Mir benotzen och „Cookien“ an ähnlech Tracking-Technologien. Dëst si kleng Fichieren déi mir op Ären Harddisk setze fir eis an eisen Drëttpartner z’erméiglechen, Är Navigatioun duerch eis Sitten an all méiglech Säiten z’identifizéieren, déi Dir besicht. Fir weider Informatiounen iwwer Cookien an Är Rechter doriwwer ze kréien, kënnt Dir gären eis Erklärung iwwer Cookien noliesen.

Mir kënnen och Annoncen op Websittë vun Drëttparteie placéieren. Dës Drëttparteie kënnen Informatiounen iwwert Äre Gebrauch vun hire Sittë sammelen, wéi och Donnéeën iwwer d’Klickverhale vun der Annonce op eis Sitten. Dat hëlleft eis, d’Efficacitéit vun eisen Annoncen ze verstoen.

DONNÉEËN, DÉI MIR VU BAUSSENT DE SITTË KRÉIEN

Mir ginn zou, datt mir perséinlech Donnéeën op aner Manéiere wéi iwwer eis Sittë kréie kéinten. Mir sammelen Donnéeën iwwer eis Clienten a potenziell Clientë fir eis Produkter an Déngschtleeschtungen unzebidden – wéi Kontaktdonnéeën, Donnéeën iwwer Finanzen a Rechnungen, an all aner Donnéeën, déi mir am Laf vun eise Geschäfter kréien. Zum Beispill deelen eis vill Doktere mat, wenn eng gewësse Klapp implantéiert gouf, esou datt mir eng Datebank mat Clienten opbaue kënnen, déi eng Klapp mat enger gewësser Serienummer implantéiert kruten. D’Dokteren deelen eis och Kloen an aner negativ Ëmstänn mat eise Produkter mat, a kënnen ongewollt Donnéeën iwwer dem Patient sengem Gesondheetszoustand matliwweren. Leit, déi sech fir eng Aarbechtsplaz bewerben, kënnen Demanden op Pabeier eraschécken. Mir späicheren Donnéeën iwwer den Akeef vun de Clientë vun onsen Dokteren an iwwer hir Präsenz bei Seminairen an anere Veranstaltunge vun eis.

Mir sammelen och Donnéeën vun eise Verkeefer, Fournisseure, Consultanten, professionelle Beroder an aner Drëttparteien zum Zweck vun der Gestioun a vum Féiere vun eisem Geschäft. Zum Beispill gi mir geschäftlech Kontaktdonnéeën, finanziell Donnéeën an aner Donnéeë sammelen, déi wichteg si fir eis Fournisseuren an aner Geschäftspartner auszewielen an hir Leeschtung ze bewäerten.

Perséinlech Donnéeën gi bei eis selwecht geschützt, ob mir si elo iwwer e Website oder iwwer en anere Wee kréien. Déi Beschreiwungen, déi mir elo opzielen, gëlle fir déi perséinlech Donnéeën, déi mir gesammelt oder kritt hunn, egal op wéi eng Manéier mir si kritt hunn.

WAT MIR MAT DE GESAMMELTEN DONNÉEË MAACHEN

Wann Dir decidéiert eis perséinlech Donnéeën z’iwwermëttelen, da benotze mir déi Donnéeë fir eng Rei vun Zwecker:

  • Fir op Är präzis Nofro oder Demande z’äntweren, an Iech déi Informatiounen an deen Zougank zu de Ressourcen ze ginn, déi Dir eis gefrot hutt;
  • Fir d’Sitten unzebidden, ze geréieren an oprecht ze halen;
  • Fir d’Surfen an den Inhalt op eise Sitten, wéi och d’Gestioun an d’Sécherheet vum System ze verbesseren;
  • Fir Transaktiounen ze verschaffen a vervollstännegen;
  • Fir den Ëmgank mat eise Clienten ze geréieren; dorënner gehéieren d’Äntwerten op Ufroen a Commentairë wéi och de Service Client an Ënnerstëtzung ze bidden;
  • Fir eis Produkter an Déngschtleeschtungen ze liwweren;
  • Fir Fuerschung an Entwécklung duerchzeféieren fir eis Produkter an Déngschtleeschtungen ze verbesseren;
  • Fir Finanz-, Kredit- a Versécherungsrisiken ze bewäerten, déi aus enger Relatioun oder méiglecher Relatioun mat engem Client, Fournisseur, Distributeur oder Geschäftspartner entstinn;
  • Fir all aner legitim Geschäftszwecker z’erfëllen an och aner Zwecker iwwer déi mir eis Utilisateuren a Clienten informéiere wäerten.

Mir ginn Iech och d’Méiglechkeet eis ze soen, ob mir Är perséinlech Donnéeë benotzen däerfe fir Iech weider Informatiounen iwwer Produkter, Aktivitéiten oder Geleeënheete vun Edwards Lifesciences ze schécken. Wann Dir Iech éiere vun dëse Matdeelungen ofmelle wëllt, da benotzt w.e.gl. dëse Formulär.Edwards Lifesciences geet Är perséinlech Donnéeën net un Drëttparteie verkafen oder op eng aner Manéier weiderginn, fir d’Marketingwënsch vun dësen Drëttparteien z’erfëllen.

Mir kënnen d’Donnéeën iwwert Äert Gerät an aner analytesch Donnéeën, déi mir an eis Partner sammelen (iwwer d’IP-Adress vun Ärem Computer an iwwer de Gebrauch vu Cookien), fir Är weider Visittë benotzen. Dës Informatioun erlaabt eis, Iech direkt op de spezifeschen Inhalt vun eise Sitten ze leeden, deen Iech interesséiere kéint, an eis un Äre Computer fir déi nächst Visitten z’errënneren. Wann Dir méi wéi eng Website vun Edwards Lifesciences besicht, da kënne mir d’Donnéeë vun Äre Visittë besser matenee verbannen an Äre Gebrauch vun eise Sittë besser verstoen.

Mir kënnen och d’Donnéeën iwwert Äert Gerät an aner gesammelt analytesch Donnéeë vun alle Visiteure matenee verbannen, wat eis hëlleft eis Sitten ze verbesseren, well mir Äert Intressi op déi verschidde Contenuen op eise Sitten an Är Navigatioun duerch d’Sittë besser verstinn. Dës Informatioun ass och wichteg fir eventuell Problemer mat eise Sitten ze léisen.

Wann Dir decidéiert eis perséinlech Donnéeë z’iwwermëttelen, da kënne mir decidéieren, dës Donnéeë mat den net-perséinlechen Donnéeën ze verbannen, déi mir duerch d’Erëmerkenne vun der IP-Adress an de Cookië gewuer ginn. Dat hëlleft eis, Äre speziellen Intressi ze verstoen an Iech zielgerecht Informatiounen ze ginn.

RECHTLECH BASIS FIR PERSÉINLECH INFORMATIOUNEN ZE TRAITÉIEREN

Eis legal Basis fir déi uewe beschriwwe perséinlech Donnéeën ze sammelen an ze gebrauchen hänkt vun der Natur vun de perséinlechen Donnéeën of an och vum spezifesche Kontext an dem mir se sammelen.

Allerdéngs sammele mir normalerweis nëmme perséinlech Donnéeë vun Iech wa mir déi perséinlech Donnéeë brauchen, fir e Kontrakt mat Iech ofzeschléissen oder wann dat Traitement an eisem legitimmsten Intressi ass an net opgehuewen gouf duerch Är Dateschutz Interêten oder fundamental Rechter a Fräiheeten. A verschiddene Fäll kéinte mir och eng rechtlech Obligatioun hunn fir perséinlech Donnéeë vun Iech ze sammele fir Är vital Interêten ze schützen oder déi vun enger anerer Persoun (zum Beispill fir d’Gesondheets-Regulatiounen ze erfëllen).

Wa mir Iech froen, eis perséinlech Donnéeën ze liwweren, fir engem rechtleche Besoin gerecht ze ginn oder e Kontrakt mat Iech ofzeschléissen, da maache mir dat zu der entspriechender Zäit kloer an deelen Iech mat, ob d’Liwwere vun dëse perséinlech Donnéeën obligatoresch ass oder net (an och iwwert d’méiglech Konsequenzen am Fall wou Dir keng perséinlech Donnéeën erausgitt).

Op di selwecht Aart a Weis, wa mir perséinlech Donnéeë sammelen a gebrauchen andeems mir eis op eis legitim Interête baséieren (oder op déi vun enger Drëttpartei), maache mir et zu der entspriechender Zäit ganz kloer wat dës legitim Interête sinn.

Am Fall wou Dir Froen do driwwer hutt oder méi Informatiounen iwwert déi rechtlech Basis braucht, wat sammelen an de Gebrauch vu perséinlechen Donnéeën ubelaangt, da kontaktéiert eis w.e.gl. andeems Dir eis Kontaktinformatioune benotzt, déi Dir ënnert dem Titel “If you have concerns about your personal information” hei drënner fannt.

INTERNATIONALEN TRAITEMENT AN DEN U.S.A. AN OP ANERE PLAZEN

All Donnéeën, déi Dir matdeelt oder déi mir sammelen, kënnen de Filialë vun Edwards Lifesciences an den Drëttparteien an der ganzer Welt, mat deene mir en Déngschtleeschtungsverhältnis hunn, matgedeelt gi fir Zwecker, déi mat dëser Erklärung iwwer d’Privatsphär iwwereneestëmmen. Heizou gehéiert d’Iwwerdroen zu de Vereenegte Staaten, wou ee gudden Deel vun eisen Donnéeë gespäichert ass. Dat heescht, datt wa mir Är perséinlech Donnéeë sammelen, da kënne mir si an egal wéi engem vun dëse Länner veraarbechten.

Dat heescht, datt Är Donnéeën un en anert Land wéi Äert Residenzland kënne weidergeschéckt ginn, fir se do ze traitéieren oder ze stockéieren, a si kënnen och Drëttparteie matgedeelt ginn, déi mir astelle fir eis Servicer am Hosting vu Websitten, Gestioun vun Datebanken oder analytesch Servicer ze liwweren. Verschiddener vun deene Länner bidden eventuell net dee selwechte gesetzleche Schutz wéi d’Gesetzer an deem Land wou Dir wunnt, mee mir hunn all déi néideg Sécherheetsmoossnamen ergraff fir ze sécheren, datt Är perséinlech Donnéeën no deene selwechten Normen geschützt sinn, wéi si an dëser Erklärung iwwer d’Privatsphär an an den uwennbare Dateschutzgesetzer beschriwwe sinn, egal wou si traitéiert ginn (inklusiv, wann Dir am Europäesche Wirtschaftsraum oder dem Vereenegte Kinnekräich lokaliséiert sidd, andeems mir Standardvertragsklauselen tëscht eisen Affiliéierten an eise Fournisseuren ausserhalb vun dem EWR / dem VK uwennen).

D’Visiteuren aus dem Europäesche Wirtschaftsraum an der Schwäiz si gebieden sech hei weider am Text iwwert eis Participatioun un de Kaderbestëmmungen vum EU-US-Dateschutzschëld (EU-US Privacy Shield Framework) an dem Schwäiz-US-Dateschutzschëld z’informéieren (Swiss-US Privacy Shield Framework). Beuecht awer w.e.g., datt och wann d’Edwards Lifesciences Affiliéierter déi hei drënner identifizéiert ginn, nach ëmmer um EU-US-Dateschutzschëld an dem Schwäiz-US-Dateschutzschëld deel huelen, si sech awer net op d’ EU-US-Dateschutzschëld an d’ Schwäiz-US-Dateschutzschëld als e rechtleche Mechanismus fir hir Iwwerdrounge vu perséinlechen Donnéeën an d’Vereenegt Staaten z’erlabe verloossen, mee hunn déi néideg Sécherheetsmoossname geholl (wéi hei uewe beschriwwen) fir dës Iwwerdroungen ze schützen.

EU-US-Dateschutzschëld an Schwäiz-US- Dateschutzschëld

Wann Edwards Lifesciences Corporation, Edwards Lifesciences LLC, Harpoon Medical Inc., CAS Medical Systems Inc. perséinlech Donnéeën aus dem Europäeschen Wirtschaftsraum traitéieren, ass zertifiéiert datt si den EU-US-Dateschutzschëld an den Schwäiz-US-Dateschutzschëld anhalen, wéi dat vum amerikaneschen Handelsministère (U.S. Department of Commerce) bestëmmt ass, wat d’Sammelen, d’Notzen an d’Archivéiere vu perséinlechen Donnéeën aus Länner vun der Europäescher Unioun ubelaangt. Mir sinn zertifiéiert, datt mir d’Grondsätz vum EU-US-Dateschutzschëld iwwer d’Privatsphär an de Beräicher Informatiounsflicht, Walméiglechkeet, Transfert, Sécherheet, Integritéit vun den Donnéeën a Beschränkung op den Zweck, Zougank, Recours, Duerchféierung an Duerchsetzen anhalen. Fir weider Renseignementer iwwer de Programm vum EU-US-Dateschutzschëld an dem Schwäiz-US-Dateschutzschëld ze kréien, gitt w.e.gl. op https://www.privacyshield.gov/.  Fir d’Säit mat eisem Zertifikat iwwer d’Lëscht vum Dateschutzschëld ze kucken, gitt w.e.gl op https://www.privacyshield.gov/list.

Eis amerikanesch Organer ënnerleien der Autoritéit a Saachen Investigatioun an Duerchféierung vun der amerikanescher Handelscommissioun (Federal Trade Commission).

Wa mir perséinlech Donéeën un eis Drëttpartei-Agenten am Kader vum EU-US-Dateschutzschëld iwwermëttelen, da si mir weiderhi verantwortlech, wann eisen Drëttpartei-Agent Är perséinlech Donnéeën net no de Regele vun de Grondsätz vum EU-US-Dateschutzschëld traitéiert, et sief datt mir beweisen, datt mir net fir de Virfall verantwortlech sinn, den de Schued verursaacht huet.

Wann Dir weider Froen oder Uleies iwwert eis Zertifizéierung vum EU-US- oder Schwäiz-US-Dateschutzschëld hutt, da kënnt Dir eis kontaktéieren. D’Kontaktinformatioune stinn hei ënnen a mir äntweren séier fir op Är Fro oder Äert Uleies anzegoen.

Wann Dir en ongeléiste Problem hutt, wat d’Privatsphär oder d’Benotze vun Daten ubelaangt, dee mir net mat Zefriddenheet behiewen konnten, da kontaktéiert w.e.gl. (gratis) eisen US-baséierte Fournisseur vu Sträitschlichtungsservicer fir Drëttpersounen op https://feedback-form.truste.com/watchdog/request. Wann dës onofhängeg Efforten onwierksam sinn, dann erlaben d’Kaderbestëmmunge vum EU-US-Dateschutzschëld a gewësse Situatiounen eng Schlichtungsprozedur. Kuckt w.e.gl. op https://www.privacyshield.gov/ fir weider Infirmatiounen iwwer d’Schlichtungsprozedur.

Wann Dir dëse Site vun Europa aus besicht, hutt Dir d’Recht Iech bei den Dateschutzautoritéiten iwwert eis Sammelen an eise Gebrauch vun Äre perséinlechen Donnéeën ze bekloen. Fir méi Informatiounen, went Iech w.e.gl. un Är lokal Dateschutzautoritéiten. (D’Kontakt Detailer vun den Dateschutzautoritéiten an dem Europäeschen Wirtschaftsraum, an der Schwäiz an an e puer net-Europäesche Länner (d’Vereenegt Staaten a Kanada abegraff) fannt Dir ënnert www.dataprotection.ie/docs/European-Functions-Useful-Links/b/99/htm.

Mir wäerten och bei all Investigatioun, Decisioun oder Rotschlo mam amerikaneschem Handelsministère (US Deparment of Commerce) a mat der amerikanescher Handelskommissioun (Federal Trade Commission) zesummeschaffen an hir Decisiounen iwwer perséinlech Donnéeën anhalen, déi mir am Kader vum EU-US-Dateschutzschëld kréien.

Passt w.e.gl. op, datt mir a verschiddene Situatiounen kënne forcéiert ginn, Är perséinlech Donnéeë bekannt ze maachen, wa mir dat am Kader vum Gesetz enger ëffentlecher Autoritéit musse matdeelen, dorënner fale Verpflichtungen duerch Gesetzer iwwer d’national Sécherheet oder duerch d’Ëmsetzen vu Geriichtsuerteeler.

WEIDERGI VUN DONNÉEËN UN DRËTTPARTEIEN

Edwards Lifesciences benotzt d’Servicer vun Drëttparteien, dorënner Informatiksdéngschtleeschtungen, an dës Drëttparteien engagéiere sech, d’Privatsphär vun de Clienten an d’Sécherheet vun all de perséinlechen Donnéeën, déi si vun eis kréien, ze garantéieren.

Heiansdo kann et virkommen, datt mir vum Gesetz, enger Convocatioun op d’Geriicht oder engem Uerteel forcéiert gi fir Donnéeë weiderzeginn. Wann Dir zum Beispill e Site benotzt fir eng negativ Erfahrung mat engem Produkt ze mellen, kann et sinn, datt mir déi Informatioun un d’amerikanesch Gesondheetsautoritéiten (U.S. Food and Drug Administration – FDA) oder un ähnlech offiziell Organismen an anere Länner melle mussen. Mir kënnen d’Donnéeën och weiderginn, wa mir der Meenung sinn, datt dat néideg ass fir liewenswichteg Intressien vun iergend enger Persoun ze schützen oder fir eis juristesch Rechter auszeüben, festzesetzen oder ze verteidegen.

Wann eng Drëttpartei eng Firma vun eisem Grupp oder hir Avoirë keeft, da kann et sinn datt mir verschidden Informatiounen am Zesummenhang mam Verkaf un déi Drëttpartei musse weiderginn. Mir maachen et dann där Drëttpartei kloer, datt si déi perséinlech Donnéeën, déi si vun eis kritt, nëmme benotzen däerf fir deen Zweck fir dee si vun Ufank u geduecht waren.

Schliisslech kéinte mir Ären Accord froe fir Är Donnéeën Drëttparteie matzedeelen. An esou engem Fall deele mir Är Donnéeën nëmmen mat Ärem Accord mat.

ÄR WIEL IWWER D’PRIVATSPHÄR

Wann Dir eis Sittë benotzt, kritt Dir d’Méiglechkeet ze wielen, wéi mir perséinlech Donnéeë vun Iech kréien a wéi mir se benotzen.

Kréie vun Informatiounen iwwer Edwards Lifesciences.Wann Dir eis perséinlech Donnéeë matdeelt, gitt Dir eventuell gefrot ze confirméieren, datt Dir gär weiderhi Matdeelunge kritt, dorënner Messagen iwwer E Mail. Wann Dir dat confirméiert, da kënne mir Iech vun Zäit zu Zäit Informatiounen iwwert eis Produkter oder Déngschtleeschtunge schécken. Och wann Dir confirméiert, datt Edwards Lifesciences Iech weider Informatioune schécken däerf, kënnt Dir zu all Moment Är Meenung änneren an dëse Formulär ausfëllen oder d’Instruktiounen dozou an all eisen E-Mail-Messagen un Iech befollegen.

Cookien. Liest w.e.gl. eis Erklärung iwwer Cookie fir gewuer ze ginn, wéi Dir Cookien an ähnlech Tracking-Technologien acceptéiert oder refuséiert.

Accès zu Äre perséinlechen Donnéeën, a Verbësseren oder Änneren dovun.Wann Dir gären un Är perséinlech Donnéeën, déi Dir eis fréier ginn hutt, kommt, se wëllt aktualiséieren oder verbesseren, änneren oder läschen, da fëllt w.e.gl. dëse Formulär aus. Mir ginn Är Demande nokucken am Kader vun de Grondsätz vum Dateschutzschëld.

Fir Iech net nozefollegen („Do Not Track Signals/Online Tracking“).Verschidden Internetnavigateure kënnen op den „Do Not Track“ (DNT)-Signal agestallt ginn. Dëse Signal deelt der Websäit mat, datt si keng Donnéeën iwwert Äert Navigatiounsverhalen queesch iwwer verschidde Websitteë sammele soll. Mir reagéieren de Moment net op DNT-Signaler.

Allerdéngs geet Edwards Lifesciences Äert Navigatiounsverhalen op Websitten oder Applikatioune vun Drëttparteien net nofollegen (mat Ausnahm vun Ärer Interaktioun mat eisen Annoncen op Websittë vun Drëttparteien), a mir wielen och keng Inhalter op Basis vun Ärem Verhalen op Sitten oder Applikatioune vun Drëttparteien aus. Wann Dir méi wéi ee Site vun Edwards besicht, da verfollege mir Äert Verhalen op alle Websittë vun Edwards, sou datt mir Är global Erfahrung mat Edwards verbessere kënnen.

Läsche vun Äre perséinlechen Donnéeën. Dir kënnt verlaangen, datt Edwards Lifesciences Är perséinlech Donnéeë läscht an dofir kënnt Dir dëse Formulär Formulär ausfëllen.

Doriwwer eraus kënnt Dir Iech net domat averstan erkläre mat dem Traitement vun Äre perséinlechen Informatiounen, eis froen den Traitement vun Äre perséinlechen Informatiounen anzeschränken oder d’Iwwerdrobarkeet vun Äre perséinlechen Informatiounen ufroen. Hei kënnt Dir och Är Rechter ausüben andeems Dir eis Kontaktinformatioune benotzt déi Dir ënnert dem Titel "Wann Dir en Uleies iwwert Är perséinlech Donnéeën hutt" hei drënner fannt.

Dir hutt d’Recht op d’Verzichten (Opt-out) vu Marketing Kommunikatioune déi mir Iech zu egal wéi engem Moment schécken. Dir kënnt dëst d’Recht ausüben andeems Dir op de “unsubscribe” oder de “opt-out” Link klickt, deen Dir an de Marketing E-mailen déi mir Iech schécke fannt. Fir en Opt-out aus anere Forme vu Marketing ze maachen (wéi Postsendungen oder Telemarketing), kontaktéiert eis w.e.gl. andeems Dir eis Kontaktinformatioune benotzt déi Dir ënnert dem Titel "Wann Dir en Uleies iwwert Är perséinlech Donnéeën hutt" hei drënner fannt.

Op di selwecht Aart a Weis, wa mir Är perséinlechen Informatioune mat Ärer Erlaabnis gesammelt a traitéiert hunn, da kënnt Dir och dës Erlaabnis egal wéini zréckzéien. De Fait, dass Dir Är Erlaabnis zréckzitt, affektéiert kengeswees d’Legalitéit vun iergendwellechen Traitementer déi mir virun Ärem Zeréckzéie gemaacht hunn an och net d’Traitement vun Äre perséinlechen Informatiounen déi opgrond vun aneren Traitementsbasisse wéi d’Erlaabnis duerchgefouert goufen.

Dir hutt d’Recht Iech bei den Dateschutzautoritéiten ze beschwéieren iwwert eist Sammelen an de Gebrauch vun perséinlechen Donnéeën. Fir méi Informatiounen, went Iech w.e.gl. un Är lokal Dateschutzautoritéiten. (D’Kontakt Detailer vun den Dateschutzautoritéiten an der Europäescher Ekonomescher Regioun an an der Schwäiz) fannt Dir op https://edpb.europa.eu/about-edpb/board/members_en.).)

Mir entwäerten op all Ufroen déi mir vun Eenzelpersoune kréien déi vun hiren Dateschutzrechter Gebrauch maache wëllen an Iwwerteneestëmmung mat den Dateschutzgesetzer.

Privatsphär vu Kanner

Edwards Lifesciences huet net wëlles, perséinlech Donnéeë vu Kanner ënner 13 Joer ze sammelen, ouni den Accord vun engem vun den Elteren oder dem Momper vum Kand. Mir gi keng perséinlech Donnéeën iwwert iergendeen ënner 13 Joer eraus un iergendeen ausserhalb vun Edwards (ausser wa mir vum Gesetz forcéiert ginn, an un eis Agenten déi sech verflicht hunn, den Dateschutz anzehalen).

Kanner ënner 13 Joer sollen eis keng perséinlech Donnéeën ouni den ausdrécklechen Accord vun engem vun hiren Elteren oder hirem Momper weiderginn. Wann Dir mengt, datt Ärt Kand vläicht perséinlech Donnéeë weiderginn huet an Dir hätt gär datt déi Donnéeë vun eisem System solle geläscht ginn, da fëllt w.e.gl. dëse Formulär aus. Mir maachen all raisonnablen Effort fir Ärer Demande z’entspriechen.

Eis Verflichtung zur Sécherheet an zum Schutz vun den Donnéen

Edwards Lifesciences versteet datt d’Sécherheet vun Äre perséinlechen Donnéeë vun allergréisster Wichtegkeet ass a mir schaffe stänneg drun, fir Ärt Vertrauen oprecht z’erhalen. Mir setzen technologesch an organisatoresch Mëttelen an, déi an eisem Secteur Standard sinn, fir d’Sécherheet vun den Donnéeën ze schützen, déi mir sammelen an déi Dir eis matdeelt.

Trotz dëse raisonnablen Efforten fir Är perséinlech Donéeë géint Verloscht, Déifstall, Ännerung oder aner Zorte vu Mëssbrauch ze sécheren, kënne mir net garantéieren datt esou e Verloscht ni kéint geschéien. Et besteet ëmmer e Risiko, datt eng Drëttpartei ouni eisen Accord ongesetzlech an eise System abrécht oder op eng aner Manéier u perséinlech Donnéeë kënnt.

Retentioun vun Donnéeën

Mir hale perséinlech Informatiounen zréck, déi mir vun Iech sammele wa mir eng permanent Geschäftsbezéiung hunn oder e Besoin am Kader vu legitimme Geschäfter fir dat ze maachen (zum Beispill, fir Iech eng Déngschtleeschtung ze ginn déi Dir gefrot hutt oder fir gülteg rechtlech, steierlech oder Compabilitéits-Virschrëften ze erfëllen).

Wa mir kee permanente legitimme geschäftleche Besoin hunn fir Är perséinlech Donnéeën ze traitéieren, wäerte mir se entweder läschen oder anonymiséieren oder, wann dat net méiglech ass (zum Beispill, well Är perséinlech Informatiounen a Backup Archive stockéiert sinn), da wäerte mir Är perséinlech Donnéeë sécher lageren an se vun all aner Traitement isoléiere bis d’Läsche méiglech ass.

Wann Dir en Uleies iwwert Är perséinlech Donnéeën hutt

Wann Dir iergend eng Fro iwwer dës Erklärung iwwer d’Privatsphär oder Är perséinlech Donnéeën hutt, da kënnt Dir iwwer dëse Formulär oder iwwer dës Adress a Kontakt mat eis kommen: den Date Controller, Edwards Lifesciences LLC,

Privacy Office
Edwards Lifesciences LLC
One Edwards Way
Irvine, California 92614
USA
Email: privacy@edwards.com

Wann Dir gär eng Äntwert iwwer E-Mail kritt, da gitt w.e.gl. Ären Numm, Är Postadress an Är E-Mail-Adress un. Wa mir keng E-Mail-Adress kréien, dann äntwere mir an engem Bréif.

Ännerungen un eiser Erklärung iwwer d’Privatsphär

Vun Zäit zu Zäit kënne mir eis Erklärung iwwer d’Privatsphär revidéieren. Wann dat de Fall ass, dann affichéiere mir dës revidéiert Politik an änneren den Datum vun der leschter Aktualiséierung hei ënnen. Dir sidd gebieden, dës Säit heiandsdo nozekucken fir iwwer déi Ännerungen informéiert ze ginn.

Mir hu wëlles, perséinlech Donnéeë laut der Erklärung iwwer d’Privatsphär ze benotzen, déi gülteg zu deem Moment war wéi d’Donnéeen gesammelt goufen. Wa mir wëlles hunn d’Manéier wesentlech z’änneren, wéi mir perséinlech Donnéeë benotzen oder weiderginn, dann deele mir Iech dat am Viraus mat an Dir kritt d’Geleeënheet ze decidéieren ob Dir eis erlaabt, Är Donnéeën op dës nei oder aner Manéier ze benotzen.

Iwwerschafft den 22. Januar 2021 fir d’Kontaktinformatioun vum Fournisseur vun Dateschutzschëld-Sträitschlichtung z’aktualiséieren.