Erklärung iwwer Cookien

Gëllt vum 1 Dezember 2015 un

Dës Erklärung iwwer Cookien beschreift wéi Edwards Lifesciences Corporation, Edwards Lifesciences LLC an déi ugeschlosse Firmaen aus hirem Grupp (zesummen „Edwards Lifesciences“, „eisen“, „eise“, „eist“, „mir“ oder „eis“) Cookien an ähnlech Technologien benotzen fir z’erkennen, wann Dir „www.edwards.com“ oder eng aner vun de Website benotzt, déi mir besëtzen, benotzen oder kontrolléieren („d’Siten“). Si erklärt wat dës Technologie sinn a firwat mir se benotzen, a wat Är Rechter sinn fir eise Gebrauch dovun ze kontrolléieren.

Wat si Cookien?

Cookie si kleng Fichieren, déi op Äre Computer oder Är mobilt Gerät gesat gi wann Dir eng Website besicht. D’Proprietaire vu Website setze Cookie wäitflächeg an, fir hir Website fonktionnéieren oder méi effikass fonktionnéieren ze dinn, an och fir Informatiounen ze sammelen a weider ze ginn.

Cookie gi vum Proprietaire vun der Website gesat (an dësem Fall, Edwards Lifesciences) an heeschen „Éischtpartei-Cookien“ („first party cookies“). Cookien, déi vun anere Parteie wéi dem Proprietaire vun der Website gesat ginn, heeschen „Drëttpartei-Cookien“ („third party cookies“). Drëttpartei-Cookien erméigleche Fonktiounen oder Fonktionalitéite vun Drëttparteien, déi op der Website oder duerch si offréiert ginn (esou wéi z. B. interaktiven Inhalt oder analytesch Fonktiounen). D’Parteien, déi dës Drëttpartei-Cookie setzen, kënnen Äre Computer erkënnen, souwuel wann een déi betreffend Website besicht wéi och wann een verschidden aner Website besicht.

Virwat benotze mir Cookien?

Mir benotzen Éischt- an Drëttpartei-Cookien aus verschidde Grënn. Eng Rei Cookie si wichteg aus technesche Grënn fir datt eis Site fonktionnéieren, a mir nenne si „wesentlech“ oder „strikt noutwenneg“ Cookien. Aner Cookien (dorënner Drëttpartei-Cookien) erlaben eis, d’Intressi vun eise Visiteure kennen ze léieren, esou datt mir hinne méi zielgerecht Marketingpropose maache kënnen an d’Fonktioune vun eise Siten verbessere kënnen.

Dës spezifesch Zorte vun Éischt- an Drëttpartei-Cookien, déi op eise Site gesat ginn, an den Zweck vun hirem Asaz ginn am Cookie Awëllegung Gérant beschriwwen, dien iwwert den Cookie Vierléift Link besichtbar ass.

Wéi ass et mat aneren Tracking-Technologien, wéi Web Beacons?

Cookie sinn net déi eenzeg Technologie fir d’Visiteure vun enger Website z’erkennen oder z’analyséieren. Mir kënne vun Zäit zu Zäit aner, ähnlech Technologien asetzen, wéi d’Web Beacons (heiandsdo gi si „Tracking Pixels“ oder „Clear gifs“ genannt). Dat si winzeg grafesch Fichieren, déi en eenzegaartegen Identificateur hunn, deen eis erlabt ze gesinn, ween eis Site besicht oder en E-Mail vun eis opmécht. Et erméiglecht eis zum Beispill, d’Navigatiounsverhale vu Visiteure vun enger Säit op eng aner innerhalb vun enger Website z’ënnersichen, ze verstoen ob Dir iwwert e Link op enger anerer Website op eis Site komm sidd, d’Performance vum Site ze verbesseren an de Succès vun eisen Marketingcampaignen iwwer E-Mail ze moossen. A ville Fäll sinn dës Technologien ofhängeg dovun, datt d’Cookien einwandfrei fonktionnéieren. Wann Dir also d’Cookie refuséiert, huet dat en Afloss op dat gudd Fonktionnéiere vun de Siten..

Schéckt Dir mir zielgerecht Annoncen?

Nee. Eis Site schécken de Moment keng zielgerecht Online-Annoncen.

Wéi kann ech Cookie kontrolléieren?

Dir hutt d’Recht ze decidéieren, ob Dir d’Cookie wëllt acceptéieren oder refuséieren. Fier iech beim Cookie Auswiel ze hëllefen, kënnt Dier den Cookie Vierléift Link benotzen dien iech op den Cookie Awëllegung Gérant Zougank gët.

Dir kënnt d’Kontrolloptiounen an Ärem Navigateur esou astellen oder änneren, dass en d’Cookien acceptéiert oder refuséiert. Wann Dir decidéiert d’Cookien ze refuséieren, kënnt Dir eis Siten nach ëmmer benotzen, mä Ären Accès u verschidde Fonktionalitéiten oder Deeler vun eise Site kéint begrenzt sinn. Well d’Manéier fir Cookien ze refuséiere sech vun Navigateur zu Navigateur ënnerscheeden, sollt Dir weider Informatiounen am Hëllefmenu vun Ärem Navigateur noliesen.

Wéi dacks gitt Dir dës Erklärung iwwer Cookien änneren?

Mir kënnen dës Erklärung iwwer Cookie vun Zäit zu Zäit ännere fir si zum Beispill un d’Ännerungen an eisem Asaz vu Cookien unzepassen, oder och aus operativen, gesetzlechen oder regulatoresche Grënn. Liest dofir w.e.gl. vun Zäit zu Zäit dës Erklärung iwwer Cookien no, fir ëmmer um leschte Stand iwwert eisen Asaz vu Cookien an ähnlech Technologien ze sinn.

Den Datum am Ufank vun der Erklärung iwwer Cookien ass dee vun der leschter Upassung vun der Erklärung.

Wou kréien ech wieder Renseignementer?

Wann Dir iergend eng Fro iwwert eisen Asaz vu Cookien oder aneren Technologien hutt, da kënnt Dir iwwer dëse Formulär oder iwwer dës Adress a Kontakt mat eis kommen:

Privacy Office
Edwards Lifesciences LLC
One Edwards Way
Irvine, California 92614
Email: privacy@edwards.com

Wann Dir gär eng Äntwert iwwer E-Mail kritt, da gitt w.e.gl. Ären Numm, Är Postadress an Är E-Mail-Adress un. Wa mir keng E-Mail-Adress kréien, dann äntwere mir an engem Bréif.

Please update your browser

Please update to a current version of your preferred browser, this site will perform effectively on the following:

Unable to update your browser?

If you are on a computer, that is maintained by an admin and you cannot install a new browser, ask your admin about it. If you can't change your browser because of compatibility issues, think about installing a second browser for browsing and keep this old one for compatibility